• lb
  • fr
  • pt
  • en
  • de
  • Hei bäidroen

    AlMiGa

    D’Gäert vun de Mineuren a Schmelzaarbechter am Süde vu Lëtzebuerg

    De Projet ënnersicht d’Kultur an d’Bedeitung vun de Schrebergäert fir d’Aarbechterklass, de sozialen Zesummenhalt an d’Biodiversitéit an de Gemenge vum Minett vun hirer Entsteeung bis haut.

    Image for the block

    Equipe

    Minett UNESCO Biosphere Yann Logelin

    Minett UNESCO Biosphere Charlotte Heldenstein

    Historiker Daniel Richter

     

    An Zesummenaarbecht mat:

     

    Dauer vum Projet

    December 2024 – December 2025

    De Projet AlMiGa (Al MinettsGäert) ënnersicht d’Kultur an d’Bedeitung vun de Schrebergäert fir d’Aarbechterklass, de sozialen Zesummenhalt an d’Biodiversitéit an de Gemenge vum Minett vun hirer Entsteeung bis haut.

    Mat der Industrialiséierung am Süde vu Lëtzebuerg sinn déi kleng Dierfer laanscht déi franséisch Grenz schnell zu Stied gewuess. D’Aarbechter an de Minnen a Schmelze vun der Regioun hunn dacks a klenge Wunnengen oder Aarbechterhaiser ouni eegene Gaart gelieft.

    Séier sinn an de Gemengen, déi haut d‘UNESCO-Biosphärereservat Minett bilden, déi éischt Gaardekolonien a Veräiner, déi sech ëm d’Verwaltung vun dësen Anlage gekëmmert hunn, entstanen. Dës Gaardenanlagen a Veräiner bestinn deelweis nach haut.

    Zil vum Projet ass et, hir Roll fir d’Entwécklung vun der Regioun, fir d’Multikulturalitéit vun der Gesellschaft a fir d’Biodiversitéit ze analyséieren an ze dokumentéieren.

    Identifizéieren Meldung
    Identifizéieren Meldung

    Identifizéieren

    « * » indique les champs nécessaires

    Pin Punkt, Zuel an Numm d’Leit op dëser Foto. ( 1. John Doe, 2. Marc Jacobs, …)

    Klickt op d'Bild fir Identifikatioun

    Meldung

    « * » indique les champs nécessaires

    Numm*
    Label*

    Klickt op d'Bild fir Identifikatioun

    zu lafender Fuerschung

    Äre Beitrag ass eis wichteg, well et dozou hëlleft eng méi perséinlech Perspektiv iwwert d’Vergaangenheet ze weisen. Mat ärer Hëllef kennen also wichteg Informatioune vir lafend historesch Fuerschungen hei zu Lëtzebuerg gesammelt ginn.