• lb
  • fr
  • pt
  • en
  • de
  • Hei bäidroen
    Meldung

    Titel

    Aerodrome (3)

    Theme

    FL'ESCH Back

    Contributeur

    M. Johanns

    Year

    1940 - 1950

    Beschreiwung

    L'une des histoires cachées de Lallange est qu'il y eut un aérodrome de 1937 à 1954. Il s'agissait de la première piste d'atterrissage au Luxembourg, et elle permettait une liaison directe entre Esch et Londres. Transkriptioun: Zu menger Zäit elo net onbedéngt. Dat war eben eppes wat do war, wat net méi gaangen ass an net méi funktionéiert huet. Et hat ee keng Attache – also meng Generatioun lo. Ech mengen, virdrun war jo bal guer keng Generatioun do. Meng Elteren an déi hunn alleguer d' Haiser do kaf. Dat heescht, virun menger Generatioun, meng Elteren an déi, déi haten och net vill domadder ze dinn. Dat heescht si hunn och bal ni ee Fliger gesinn fléien. Well et war eigentlech deemools – ech géing soen an de 1960er – war dat alles schonn zou, dat heescht du hues keen Bezuch méi dozou gehat. Du wosst just, dass et wär. A bemol war et fort. An et huet och keen dunn dono gekrasch, et war eben dunn sou. Däerf een net vergiessen, dass d' Sensibilitéit op historesch Saachen zu der Zäit – dat war net wäit nom Krich – net esou héich war, wéi elo. Do war ee gewinnt drun, dass villes net méi do war. An et houng een einfach un näischt. Och u materielle Saachen war een net méi sou gebonne wéi haut. Dat war eben sou, an dunn ass wéi gesot een neie Quartier do gebaut ginn. De Quartier Cinquantenaire, Lalleng ënnen, d' Lëtzebuerger Strooss an d' Monnerecher Strooss, dat waren déi éischt Stroossen, déi zu Lalleng waren, mäi Papp ass an der Lëtzebuerger Strooss gebuer.
    Meldung
    Zoumaachen

    Meldung

    « * » indique les champs nécessaires

    Full name*
    Ce champ n’est utilisé qu’à des fins de validation et devrait rester inchangé.