• lb
  • fr
  • pt
  • en
  • de
  • Hei bäidroen
    Meldung

    Titel

    Dancing Viola (1)

    Theme

    FL'ESCH Back

    Contributeur

    Mme et M. Vanoli

    Year

    1960 - 1970

    Beschreiwung

    A la Frontière, il y a une rue où des bals étaient organisés dans ce qu'on appelait des "dancings", d'abord seulement le dimanche après-midi, mais après la Seconde Guerre mondiale presque tous les soirs de la semaine. Les Dancings ont existé à Esch déjà très tôt, dès le tournant du 19e au 20e siècle. Tous les cafés à la Frontière/Hoehl disposaient d’un espace dédié à la danse : Soit une salle de danse spécialement aménagée avec une estrade ou même une scène sur laquelle pouvaient se dérouler des spectacles divers ; soit le café lui-même avec des tables et chaises étant retirées pour faire place aux danseurs. Transcription: (M. Vanoli): Et ass een erakomm eigentlech an d' Gebai, da wuer een am Café, e klassesche Café. Uewe riets war ëmmer de Fernseh uewen, mengen ech. An do souzen och ëmmer déi selwecht Leit dann esou Stammclienten. Vun do aus huet een dann den Danzsall gesinn. Den Danzsall koum mam extrae Comptoir hannen vir den Danzsall an do lénks ass et erofgaangen an d' Keelebunn. D' Keelebunn dat war awer nach eng ganz klassesch, mengen dat war keng elektresch, also keng automatesch. Dono ass se och ni méi benotzt ginn , ech menge well kee méi do war wou d' Keelen erëm wollt opriichten. (laacht) (Mme Vanoli): Un sech waren et zwee Deeler wannste kucks an et waren och zwou verschidde Welten, dass ee vir erakomm dann haaste jo déi Wirtschaft an ech weess nach se war gemittlech, ech weess dach nach dass et iergendwéi gemittlech war, ech hunn mech als Kand och ëmmer do Wuel gefillt an der Wirtschaft. Ech weess Dëscheldicher, se haaten och ëmmer Dëscheldicher op den Dëscher an esou. An do haaste dann och effektiv ëmmer déi selwecht Leit, an dat war deen een Deel. An da kann ech mech nach erënneren, déi risegrouss Schibedier déi den Danzsall mat der Wirtschaft ofgetrennt huet, et war riseg sou eng riseg Schibedier, jo esou wéi eng Ziharmonika. An déi war dann an der Woch zou, do huet ee guer näischt vun deem Danzsall matkritt. An dann op emol Samschdes owes ass déi opgaangen an dann ass een esou wei ‘Wupp’ iergendwéi an eng aner Welt erakomm. Do war et op emol keng Wirtschaft méi, elo ass et en Dancing, An et war héich a breet, et war jo iwwer déi ganz Breet et war riseg. An dat hunn ech ëmmer esou impressionant fonnt, dat ass esou wéi an engem Theater, elo ass zou ‘Wupp’ elo geet et op elo ass den Dancing an da Méindeg moies ‘Wupp’ ass et zougaangen elo ass et d' Wirtschaft. (laacht)
    Meldung
    Zoumaachen

    Meldung

    « * » indique les champs nécessaires

    Full name*
    Ce champ n’est utilisé qu’à des fins de validation et devrait rester inchangé.