• lb
  • fr
  • pt
  • en
  • de
  • Hei bäidroen
    Meldung

    Titel

    Dancing Viola (2)

    Theme

    FL'ESCH Back

    Contributeur

    Mme et M. Vanoli

    Year

    1960 - 1970

    Beschreiwung

    A la Frontière, il y a une rue où des bals étaient organisés dans ce qu'on appelait des "dancings", d'abord seulement le dimanche après-midi, mais après la Seconde Guerre mondiale presque tous les soirs de la semaine. Les Dancings ont existé à Esch déjà très tôt, dès le tournant du 19e au 20e siècle. Tous les cafés à la Frontière/Hoehl disposaient d’un espace dédié à la danse : Soit une salle de danse spécialement aménagée avec une estrade ou même une scène sur laquelle pouvaient se dérouler des spectacles divers ; soit le café lui-même avec des tables et chaises étant retirées pour faire place aux danseurs. Transcription: Meng Elteren haten dat duerno iwwerholl an ech hunn duerno méi eigentlech déi Dancing Epoch erlieft. Ech weess nach Samschdes owes ëmmer dann ass alles virbereet ginn, ech weess meng Elteren haten dann do guer keng Zäit an dann waren d' Garconen all do an da sinn Dëscher gedeckt ginn an alles. An déi Zäit muss een sech jo virstelle wann se do danze gaange sinn d' Meedercher- zumools d' Meedercher - do sinn jo d' Elteren ëmmer matgaangen, d' Bridder sinn deelweis matgaangen, dat war och ëmmer esou eng ganz Famill. An dann all Famill hat dann do och hier Stammplaz, dat heescht hiren Stammdësch (laacht), dat war dann deen Dësch vir déi Famill, an deen Dësch vir déi Famill. An jo da sinn déi Dëscher gedeckt ginn an alles an d' Garconen déi hunn dann d' Glieser an dat alles fäerdeg gemaach an da sinn d' Museker och komm. D' Band ass komm an dunn hunn déi nach e bëssi geprouft, mee dunn war da kee Mënsch dobannen. Ech hunn dat och esou an Erënnerung dass och da keen an der Wirtschaft war an da weess ech dann nach dass op emol - dat ass mir als Kand esou virkomm - vun enger Sekonn op déi aner war op emol alles voll. An dann ass d' Musek och ugaangen an dann ass do gedanzt ginn. Mee bon an dunn ass de Moment wou dann d' Nonna mech siche komm ass, wou ech dann dunn awer (laacht) an d' Bett komm sinn . Mee d' Musek war ëmmer haart also ech ka soen dass ech Samschdeg owes an Sonndeg owes, dass ech ëmmer d' Musek héieren hunn.
    Meldung
    Zoumaachen

    Meldung

    « * » indique les champs nécessaires

    Full name*
    Ce champ n’est utilisé qu’à des fins de validation et devrait rester inchangé.