• lb
  • fr
  • pt
  • en
  • de
  • Hei bäidroen
    Meldung

    Titel

    Haut Fourneau C (1)

    Theme

    FL'ESCH Back

    Contributeur

    Mr. Gales

    Year

    1970 - 1980

    Beschreiwung

    Il n'y a que peu de choses qui ont autant marqué Esch que les hauts fourneaux de Belval. Au fil des décennies, ils ont été un symbole pour l'ensemble de la sidérurgie luxembourgeoise. Aujourd'hui encore, les hauts fourneaux A et B rénovés attirent tous les regards. Transkriptioun: Wéi ech den Uewen C gesinn hunn, ech sinn net oft eropgaangen, awer wéi ech en fir d'éischt gesinn hunn, ech si scho kucke gaangen, do ass mir elle ginn. Dat war eppes wéi ee Monstrum. Deen war nach mäi grouss wei den A an de B an e war 100 Meter héich an hat en Duerchmiesser bannendran, de Creusé – dorop gëtt ëmmer een Héichuewe gemooss, den Duerchmiesser vum Creusé, wéi den A huet 8 Meter, de B huet 9,2 Meter, den C huet 11,2 Meter. Et ass engem elle gi wann een dat Monstrum gesinn huet. Et huet ee geduecht, herno muss du do schaffen. Den C ass gebaut ginn, en ass och ugefuer ginn an huet och formidabel funktionéiert. Et war natierlech ee modernen Uewen, voll elektronesch gestéiert. Do ware keng Anzeigegeräte méi, déi gewisen hunn et sinn elo 2,5 Bar um Wanddrock, alles Ecran, et war voll Ecran. Et war kee Messgerät méi do. Et war alles voll elektronesch, och mat Kresis-Anlag. Also en huet zefridde funktionéiert.
    Meldung
    Zoumaachen

    Meldung

    « * » indique les champs nécessaires

    Full name*
    Ce champ n’est utilisé qu’à des fins de validation et devrait rester inchangé.