• lb
  • fr
  • pt
  • en
  • de
  • Hei bäidroen
    Meldung

    Titel

    Haut Fourneau C (2)

    Theme

    FL'ESCH Back

    Contributeur

    Mr. Gales

    Year

    1970 - 1980

    Beschreiwung

    Il n'y a que peu de choses qui ont autant marqué Esch que les hauts fourneaux de Belval. Au fil des décennies, ils ont été un symbole pour l'ensemble de la sidérurgie luxembourgeoise. Aujourd'hui encore, les hauts fourneaux A et B rénovés attirent tous les regards. Transkriptioun: 100 Joer laang oder wéivill ass ëmmer nëmme Cock geholl gi fir Goss ze verschmëlze vum Minett. An dunn op emol, ech ka mech genau drun erënneren, an de 60 Joren ass ob emol Fuel geholl gi fir dee mat bäizeginn an den Uewen, iwwer Fuel-Lanzen. Et ass da Fuel extra lourd eragesprëtzt ginn. En huet naischt kascht, en war bal gratis. Ech mengen den Transport war méi deier an do sinn dann zum Beispill, den C, ob emol ass den extra lourd méi bëlleg ginn, mir hunn eng Anlag hei stoe fir de Fuel an elo fuere mir déi un. Jo. Nogekuckt. Jo a mir mussen och Lanzen hunn. Mir huelen déi Lanzen wéi um A an um B. Mir haten do extra Lanzen entwéckelt fir de Fuel eranzesprëtzen. U wat mir net geduecht haten, hei ass de Wand mat 1000 Grad eragaangen an den A an de B, do hate mir scho Chromnéckel alles. Chromnéckel ass jo hëtzebestänneg. Do hate mir scho Chromnéckel. Da maache mir um C d' selwecht. Jo mee den C hat 1200 Grad, de waarme Wand. D' Lanzen hunn net gehalen. Jo a wat maache mir dann elo? Se verbrennen eis all, d' Lanzen. Dunn hunn mir een Tuyau kritt vu Paul Würth. Deen hat ee Stol aus Finnland an deen huet 1200 Grad ausgehalen an dunn hu mir mat deem Mazout eragesprëtzt. Mir hunn alt 500 Tonnen den Dag extra lourd eragedréckt. En huet d' Denge vum Cock iwwerholl. An en huet gehollef schmëlzen.
    Meldung
    Zoumaachen

    Meldung

    « * » indique les champs nécessaires

    Full name*
    Label*

    Click on the image for identification