Dancing/Feieren
D’Baler als populär Ënnerhalung am Minett, Lëtzebuerg
Baller, Dancingen, Zeltfester, Discoen… Hutt Dir am Minett d’Nuecht duerchgedanzt oder an enger Band gespillt? Deelt Är Erënnerunge matt an drot zur Lëtzebuerger Kulturgeschicht bäi!
De Projet Dancing/Feieren ënnersicht Baller als populär Ënnerhalung am Minett vun den 1920er bis an d’1980er Joren. Et verfollegt d’Evolutioun vun Danz- a populäre Musekspraktiken a Kulturen, verbonne mam Alldag am lëtzebuergesche Biergbaugebitt. Et konzentréiert sech op Baller a verschiddene Raim, vum Café-Dancing bis an d’Diskothéik, dorënner Zeltfester. Well d’Baller zentral fir d’Schaffung vun der sozialer Sturktur waren, weisen dës Plazen nei Perspektiven op d’Gesellschaft. Dancing/Feieren huet am Kader vun engem postdoktorale Fuerschungsprojet am C2DH ugefaangen, am transdisziplinäre Team Popkult60, finanzéiert vum Fonds National de la Recherche an der Deutsche Forschungsgemeinschaft (2021-2025). De Projet huet zu der Schaffung vun engem Buchobjet gefouert, Feieren! Danz, Musek a Fester am Minett, geplangt fir d’Fréijoer 2026. Den Design an d’Produktioun gi vum Ferroforum ënnerstëtzt.
Wëllt Dir méi wëssen? Maacht mat bei der nächster Esch by Night Eventserie, déi a Kollaboratioun mam Escher Theater organiséiert gëtt.