• LB
  • FR
  • PT
  • EN
  • DE
  • Hei bäidroen

    D’Spueniekämpfer

    Fräiwëlleger aus Lëtzebuerg am Kampf géint de Faschismus wärend dem Spuenesche Biergerkrich (1936-1939)

    Dësen Ausstellungsprojet invitéiert d’Visiteuren, d’Liewe vun de Spueniekämpfer z’entdecken – Männer a Fraen aus Lëtzebuerg, déi sech fräiwëlleg gemellt hunn, fir wärend dem Spuenesche Biergerkrich (1936-1939) ze kämpfen.

    Image for the block

    Ekipp

    Historiker MADiPH Student*innen

    Professer Sandra Camarda

    Organiséiert vun de Student*innen aus dem Master in Digital and Public History (MADiPH) vun der Universitéit Lëtzebuerg, bitt d’Ausstellung en déifgräifend Verständnis vun enger komplexer historescher Period andeems se de Spueniekämpfer eng Stëmm gëtt an hir Geschichten, Entscheedungen a Motivatiounen ervirhieft. Gläichzäiteg gëtt iwwert dësen Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht kritesch reflektéiert andeems hannerfrot gëtt, wéi dës Persoune mat der Zäit erënnert, hir Geschichten interpretéiert a contestéiert goufen.

    Duerch eng Rei vun zesummenhängenden themateschen Deeler ginn d’Visiteure vum historesche Kontext bis zu perséinlechen Erzielungen a méi breede gesellschaftlechen Iwwerleeunge gefouert. D’Presentatioun vu perséinlechen Objeten (Bréiwer, Fotoen, asw.), Archivdokumenter (administrativ Opzeechnungen, Tagebicher, asw.) a mëndlechen Zeienaussoe bréngen d’Geschicht vun de Spueniekämpfer an d’Liewen.

    Wann Dir Geschichten, Erënnerungen oder Objeten am Zesummenhang mat de Spueniekämpfer hutt, zéckt net, dësem Projet bäizedroen an eis ze hëllefen, déi Geschicht zesummen ze entdecken.

    Sammeldag

    Mir organiséieren am Juni en Sammeldag am CDMH zu Diddeleng fir méi Fotoen, Objeten an Informatiounen iwwer d’Spueniekämpfer ze sammelen. Méi Informatiounen kommen nach!