• lb
  • fr
  • pt
  • en
  • de
  • Hei bäidroen

    Bar Sport Konferenz – Tragesch Clubrees an Osteuropa

    mar. 28 Oct. 2025

    7pm − 10pm

    Terrain vun der Jeunesse Esch – op der Grenz an der «Verlängerung»

    Jeunesse

    Eng tragesch Rees vun der Jeunesse a Polen a Litauen am Summer 1939.

    De fréiere Jeunesse-Kapitän an Historiker Denis Scuto hält den 28. Oktober eng éischt Konferenz zu enger Tournée Frëndschaftsmätcher vun der Jeunesse a Polen an a Litauen ënnert hirem éisterräicheschen Trainer a jüdesche Flüchtling Max Gold am Juni 1939, kuerz virum Ausbroch vum Zweete Weltkrich. Eng tragesch Rees well de jonke Jeunesse-Spiller Adelio Mastrangelo zu Kaunas erdronk ass.

    D’Evenement fënnt op Lëtzebuergesch statt, mat enger simultaner Iwwersetzung op Franséisch op der Plaz.

    zu lafender Fuerschung

    Äre Beitrag ass eis wichteg, well et dozou hëlleft eng méi perséinlech Perspektiv iwwert d’Vergaangenheet ze weisen. Mat ärer Hëllef kennen also wichteg Informatioune vir lafend historesch Fuerschungen hei zu Lëtzebuerg gesammelt ginn.