De Nicolas Birtz oder Birtze Néckel war e jonke Spiller vun der Stade Diddeleng. Nom Passageexamen am Staer Kolléisch goung hien 1940 als Beamte bei d’Arbed schaffen. Am Krich gouf hie Member vun der Resistenzgrupp Alweraje an huet hir Fluchblieder an Zeitungen zu Diddeleng verdeelt. Den 19. August 1942 gouf hie verhaft a koum an d’KZ Hinzert an dono op Natzweiler an seng Niewelager. Den Denis Scuto ass sengem an anere Fussballspiller oder -Fussballdirigeanten hire Widderstands- a Leidensweeër nogaangen.
D’Evenement fënnt op Lëtzebuergesch statt, mat enger simultaner Iwwersetzung op Franséisch op der Plaz.
Other events
Bar Sport Konferenz – Visite Gedenkstätte KZ Hinzert
Esch by Night – Rock Stories

