An den Anniversairesbroschüren vun der Jeunesse steet just säi Familjennumm: Gold an d’Saison 1938-1939 wou en Trainer war. Den Denis Scuto erzielt eis méi iwwert de Max Gold, Star vum jüddesche Fussballveräin Hakoah Wien, Profi zu New York, dunn Trainer an Osteuropa, iert en am September 1938 vu Warschau op d’Grenz kënnt. No enger Saison bei der Jeunesse geet mam Krichsausbroch a mat der Nazi-Okkupatioun vu Lëtzebuerg fir hien als jüddesche Flüchtling a fir seng Famill eng schrecklech Zäit un.
Den Event fënnt op Lëtzebuergesch statt, mat enger simultaner Iwwersetzung op Franséisch op der Plaz.
Other events
Bar Sport Konferenz – Lëtzebuerger Fussballspiller am KZ
Bar Sport Konferenz – Visite Gedenkstätte KZ Hinzert
Esch by Night – Rock Stories

