Emile Blau, Nicolas Dahm, Jean Dockendorf, Aloyse Flammang, Alex Jacquemin, Jean-Pierre Keup, Jean Kratz, René Lucas, René Lutz, Jean Muller, Josy Malano, Jean-Pierre Thull. Laanscht hir Nimm ginn d’Zuschauer déi d’Entrée rue des Sports benotzen. Si stinn op der Gedenktafel vum Club fir hir „Morts pour la patrie et la liberté 1940-1945“. Mee wie waren dës Jeunesser? Wat war hiert Schicksal am Krich? An: Feelen net Nimm op dësem Gedenksteen?
D’Evenement fënnt op Lëtzebuergesch statt, mat enger simultaner Iwwersetzung op Franséisch op der Plaz.

