• lb
  • fr
  • pt
  • en
  • de
  • Hei bäidroen

    20 Nov

    7:00 pm − 10:00 pm

    Feierowend – Buchprojet

    136, rue de l'Alzette; L-4010 Esch-sur-Alzette, Gemenderotsall (1. stack)

    Feieren. Danz, Musek a Fester am Minett ass e Buch iwwert d’ Danzmusek-Kultur am industrielle Süde vu Lëtzebuerg an de Joren 1920-1980. Et ass geschriwwe vum Laura Steil, Anthropologin & Historikerin op der Universitéit vu Lëtzebuerg (C2DH), an Zesummenaarbecht mat FerroForum asbl a mam Luciano Pagliarini, Museker an Historiker.

    D’ Fräizäitkultur ass en Thema, dat manner dokumentéiert an erfuerscht ginn ass, dat eis awer e wichtegen Abléck an déi méi breed Gesellschaft ka ginn. D’ Buch fänkt u mat den éischte Café-Dancings an den 1920 Joren, an erzielt d’Entwécklung vun enger Feier-Kultur, déi déif mam Aarbechtermilieu verbonne war. D’ Recherchen hunn an engem Aarbechter-Quartier ugefaangen: op der Grenz zu Esch/Uelzecht. Vis-à-vis vun der Schmelz Terres Rouges, huet do e wichtegen, festlechen Deel vum Aarbechterliewen stattfonnt, deen a Kontrast stoung mat der schwéierer Aarbecht, mee awer och a Kontinuitéit mat hir war. Et ass och keen Zoufall, dat déi reegelméisseg Baler an den 1980er Jore lues a lues verschwonne sinn, zesumme mat de Schmelzen.

    D’ Buch baséiert sech op Archiven an op Gespréicher mat Leit, déi d’Danzmusek-Kultur mat erlieft a mat opgebaut hunn. Am Buch fënnt een Dokumenter, Fotoen a Temoignagen, déi nach ni publizéiert goufen, sou wéi Texter vum Laura Steil a vum Luciano Pagliarini.

    Den 20. November 2024 kënn Der an der Escher Gemeng méi iwwert dëse Buchprojet gewuer ginn. Der kënnt och en Tierchen danzen! De Luciano Pagliarini a säin Orchester spillen déi bescht Danzmusek! An zum Schluss offréiert d’ Stad Esch e Pättchen. 

     

    Reservatioun: Escher Bibbs T: 2754-2210

    zu lafender Fuerschung

    Äre Beitrag ass eis wichteg, well et dozou hëlleft eng méi perséinlech Perspektiv iwwert d’Vergaangenheet ze weisen. Mat ärer Hëllef kennen also wichteg Informatioune vir lafend historesch Fuerschungen hei zu Lëtzebuerg gesammelt ginn.