• lb
  • fr
  • pt
  • en
  • de
  • Hei bäidroen

    Family of Man

    D’Ierfschaft vum Edward Steichen senger fotografescher Ausstellung

    Hëlleft eis ze verstoen, wéi dës aflossräich Ausstellung zënter hirer Première am MoMA zu New York am Joer 1955, wärend hirer aachtjäreger Welt-Tournée an duerch hir Geschicht zu Lëtzebuerg zënter 1965 vu Persounen a Communautéiten opgeholl a gelieft gouf.

    Image for the block

    Ekipp

    Haaptfuerscher Andreas Fickers
    Co-Haaptfuerscherin Claire di Félice
    Postdoktorale Fuerscher Claude Ewert
    Doktorandin Emilia Sánchez González

    Dauer vum Projet

    Juli 2024 – Juli 2027

    De Fuerschungsprojet The Legacy of “The Family of Man” probéiert nei Luucht op nach onentdeckt Aspekter vun der Geschicht vun der Ausstellung ze geheien zënter hirer Entstoe viru 70 Joer. Eisen Team probéiert hir Plaz am Kale Krich ze kontextualiséieren, hir Itineraire an international Upassungsfäegkeet nei ze analyséieren an ze verstoen, wéi se eng dauerhaft Ierfschaft krut.

    zu lafender Fuerschung

    Äre Beitrag ass eis wichteg, well et dozou hëlleft eng méi perséinlech Perspektiv iwwert d’Vergaangenheet ze weisen. Mat ärer Hëllef kennen also wichteg Informatioune vir lafend historesch Fuerschungen hei zu Lëtzebuerg gesammelt ginn.