Jeunesse
Historesch Spuresich Jeunesse Esch
D’Jeunesse Esch ass e lokale Veräin, awer e ass a ganz Europa bekannt. Hëlleft eis, déi räich Geschichten vun der Jeunesse zu Esch-Uelzecht ze erzielen, andeems Dir erausfannt, wien dës Leit sinn a wou se gespillt hunn.
D’Jeunesse Esch ass net nëmmen dat klappend Häerz vum Grenz-Quartier zu Esch-Uelzecht– wou se 1907 gegrënnt gouf – mee ass och zënter hiren Ufäng bei den Escher Leit beléift. An der méi wéi 100 Joer laanger Geschicht huet de Veräin Fans aus dem ganze Land bäikruut.
Am Kader vun de Virbereedunge fir historesch Konferenzen am Clubhaus (d’« Verlängerung ») sammelen de fréiere Spiller Denis Scuto an d’Projetsequipe vum Jeunesse-Esch-Musée Informatiounen.
Gitt Deel vum Jeunesse-Esch-Musée !
De Musee ass e kollaborative Projet wou mär – de Club, d’Projetsequipe, d’Fans, déi fréier Spiller, Trainer an Verantwortlech… – zesummen an den nächste Méint a Joren Iddiën, Schätz an Erënnerungen zur Geschicht a ronderëm d’Geschicht vun de Schwaarz-Wäissen sammelen an versuergen an esou d’historesch Collectioun vum Club uräicheren. Mam Zil an den nächste Joren de Musée um Jeunesse-Terrain anzeweien, wou mer d’Saga vum Club, sengen Erfollecher, Spiller, Trainer, Dirigeants, Fans, Benevolen asw. erziele wäerten.
Kontaktéiert eis iwwer de Sammlungsformular oder per E-Mail op historesch@uni.lu
Konferenzrei
Denis Scuto wäert eng Rei vu Konferenzen iwwer de Fussballveräin an der Zäit vum Zweete Weltkrich halen.
D’Konferenzen ginn opgeholl a no der Bearbechtung um YouTube-Kanal vun der Universitéit gedeelt.
Eventer
Bar Sport Konferenz – Lëtzebuerger Fussballspiller am KZ
Bar Sport Konferenz – Visite Gedenkstätte KZ Hinzert
Esch by Night – Rock Stories
Esch by Night – Street dance
Hëlleft eis!
Erkennt Dir iergendeen op dëse Fotoen, oder wësst Dir wou se gemaach goufen? Dir kënnt hëllefen andeems Dir op de Knäppchen « Identifizéieren » nieft de Biller klickt.
Hutt Dir al Fotoen, déi Dir wëllt deelen? Klickt op « Bäidroen » fir se eropzelueden.
