Koplescht – Fréier an hott
D’Liewen an der Gemeng Koplescht
Wéi eng Épicerië goufen et fréier zu Koplescht? Wou si mir virun 30 Joer um Briddel an de Café gaang? Kënnt Dir iech nach un de Mëllechmann erënneren – oder un d’Kiermessen? Deelt Är Erënnerungen u Koplescht an de Briddel mat eis!
Team
Presidentin Maria Scheppach
Projetchef Simone Folmer
Sekretär Mike Anen
Dauer vum Projet
Dezember 2024 – Oktober 2026
Eis Associatioun huet als Zil, d’Vergaangenheet vun den zwou Uertschaften Koplescht a Briddel an der direkter Ëmgéigend z’exploréieren an ze dokumentéieren. Mir stellen d’Resultater vun eise Recherchen ënner Form vu Broschüren, an Ausstellungen oder bei Trëppeltier duerch eis Gemeng vir. Wann Dir interessant Dokumenter oder besonnesch Erënnerungen iwwer d’Liewen an der Gemeng Koplescht hutt, dann zéckt net, eis ze kontaktéieren.
Mir siche speziell al Fotoen an aner Dokumenter, déi den Alldag vu fréier zu Koplescht oder um Briddel weisen. Mir géifen Är Biller ascannen, sou dass Dir äer wäertvoll Erënnerungen op alle Fall kënnt halen.
Natierlech freet et eis och, wann Dir selwer een Text iwwert e besonnescht Erliefnes an Zesummenhank mat eiser Gemeng wéilt schreiwen. Mir géifen dat gären an eise Broschüren „fréier & hott“ publizéieren.