Rust & Research
Entdeckt d’industriell Vergaangenheet an akademesch Géigewart vum Belval mat engem Kartespill, dat esou vill Spaass mécht wéi et léierräich ass.
Rust&Research ass ee rasant Kartespill, dat d’industriell Vergaangenheet an akademesch Géigewart vum Belval zum Liewen erwächt. Et ass fir de Gebrauch suwuel bannent wéi och ausserhallew vu Schoulen geduecht a fërdert de Virwëtz, d’kritescht Denken an eng gutt Dosis frëndschaftleche Konkurrenzgeescht.
Ekipp
Doktorand Joé Voncken
Doktorand Nicolas Arendt
Doktorandin Zoé Konsbruck
Dauer vum Projekt
Mäerz 2024 – elo
Rust&Research ass e Kartespill, dat vun dräi Doktoranden um Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) entwéckelt gouf. Et erfuerscht mat Zäitreesen, historeschen a moderne Figuren an strategesch ausgeluetene Spillmechaniken d’Verännerung vum Belval vun engem industrielle Site zu engem akademesche Zentrum.
D’Spill ass fir Schüler ab 12 Joer geduecht, wäert op Englesch a Lëtzebuergesch verfügbar sinn, an ass fir de Gebrauch aSchoulen a kulturellen Institutioune geduet. Et fërdert de Virwëtz, d’Betwosstsënn fir Geschicht an Transformatioun(en), an de frëndschaftleche Konkurrenzgeescht. Mat Ënnerstëtzung vum Thinkering Grant vum C²DH an zousätzleche Fongen aus dem PSP-Programm vum FNR kënnt Rust&Research am Hierscht 2025 eraus.
Dës éischt Ukënnegung bitt en Abléck an d’visuell Gestaltung vum Spill. D’Spill gëtt begleet vun engem kuerze How-to-Play-Video an engem eegens zesummegestallte pädagogesche Booklet. Ma dech prett fir d’Spill mi spéit dëst Joer auszeprobéiren!
Teaser
Klickt op d’Bild fir de Video vum Spill-Teaser ofzespillen.
Sidd Dir interesséiert dëst Spill an Ärem Klassesall ze benotzen, wëllt Dir e Workshop organiséieren oder wëllt Dir eis mat Froen kontaktéieren? Kontaktéiert eis op rustandresearch@uni.lu.
Regelen
Andeems du d’Regelen vum Spill befollegs, kanns du Belvals Vergaangenheet entdecken an dobäi Spaass hunn!
Pädagogeschen Begleedungsheft
Den pädagogeschen Begleedungsheft ass entworf, fir d’Themen vum Spill méi déif ze exploréieren. All Kaart gëtt zesumme mat engem kuerzen Erklärungstext presentéiert, deen se an hirem historeschen Kontext plazéiert. Zousätzlech bitt den Begleedungsheft Hannergrondinformatiounen zu wichtege Themen, erkläert historesch Entwécklungen a stellt Bezéiungen tëscht der Vergaangenheet an der Géigenwart hier.


