• lb
  • fr
  • pt
  • en
  • de
  • Hei bäidroen

    Viz deng Doktoraarbecht!

    Visualiséierung vun historeschen Donnéeën aus 3 Dokteraarbechten

    Eng Zesummenaarbecht tëscht PhD Kandidaten um Enn vun hiren Doktoratsreesen, fir mat der Hëllef vun Datenvisualiséierung hir Fuerschung fir e méi breede Publik zougänglech  ze maachen.

    Image for the block

    Team

    Datavisualiséierung-Fuerscherin Aida Horaniet Ibañez

    Geschichtsfuerscher Suzana Cascao, Irene Portas Vázquez and Daniel Richter

    Dëst ass eng interdisziplinär Zesummenaarbecht an där Historiker mam ganze Prozess vun der Datesammlung bis zur Visualiséierung vertraut ginn, Visualiséierungen benotze fir Feeler z’identifizéieren an éischt Hypothesen ze hannerfroen. An engems hëlleft dest, d’Erkenntnisser ze kommunizéieren, an hir Dissertatiounen fir e méi grousse Publikum zougänglech ze maachen. Op der anerer Säit huet d’Datevisualiséierungsfuerscherin d’Méiglechkeet fir dräi a punkto Ëmfang an quellentypeschen Erausfuerderungen ganz ënnerscheetlech, historesch Datesätz ze entdecken.

    Wärend dësem Projet hu mir e puer interessant Paradigmaverännerungen, néi Méiglechkeeten an Erausfuerderunge festgestallt. Zum Beispill d’Froo, wéi een Informatiounen amplatz mat engem bal onbegrenzten Text an vereinfachte Grafiken kann duerstellen, an gläichtzäiteg en héigen Niveau vun der Verstréckungen an Detailer iwwer d’Viergoen ka behalen. Mir hunn awer och eppes iwwer d’Erausfuerderungen an den Effort geléiert, fir mat Datenvisualiséierungsprogrammer effektiv ze schaffen.

    Daniel Richter

    Zweckentfriemung vun historeschen Zivillregëster fir donkel Flecken ze beliichte

    Den Daniel Richter huet mat de Vollekszielungsblieder vun 1895 bis 1935 geschafft, déi Informatiounen iwwer d’Liewensëmstänn, d’Familljen an d’Beruffer vun der Bevëlkerung geliwwert hunn. E puer Zäitperiode sinn awer net an den Archiven erhale bliwwen. Wärend senger Fuerschung huet hien d’Potenzial vun de ziville Gebuerts- a Bestietnesregësteren zu Lëtzebuerg gesinn, fir dës Lächer ze fëllen. Bis elo waren déi Dokumenter bal just benotzt gi fir Hannergrondinformatiounen oder familiär Bezéiunge vu Persounen ze erfuersche, mee net fir quantitativ Fuerschung. Dës Regësteren hunn änlech Donnéeë gesammelt wéi d’Vollekszielungen a stoungen duerchgängeg fir all Joer tëscht 1798 an 1923 zur Verfügung. Opgrond vun dësen Informatiounen huet hien d’Annahm datt sech zu Lëtzebuerg, am Géigesaz zu de meeschten Industriezentren, am Ufank vum 20. Joerhonnert keng richteg « proletaresch » Klass entwéckelt huet hannerfrot an d’Transformatioun vum Duerf-änlechen Verhalen op urbaniséiert Verhale vun der Escher Bevëlkerung verfollegt.

    Kuckt Iech d’Visualiséierung un (auf Englesch)
    Image for the block
    Image for the block

    Suzana Cascao

    Grondbesëtzer, Familljetrajectoiren an demographesch Verännerungen ëm d’Joerhonnertwenn

    Am Kader vun hirer Doktorsaarbecht iwwer d’Escher Mëttelschicht stellt d’Datevisualiséierung, ee Kapitel vun hirer Dissertatioun duer. Bal zwee Joer laang huet d’Suzana Daten iwwer Grondbesëtzer tëscht dem Enn vum 19. An dem Ufank vum 20. Joerhonnert gesammelt. Dësen Datesaz kënnt vun der Administration du Cadastre et Topographie an enthält Informatiounen iwwer Transaktioune vu Grondstécker vun all Persoun, déi jeemools an Esch esou eng Transaktioun gemaach huet. Also iwwert all Verkaf oder beispillsweis Weidergab u Familljemembere vun Terrainen am Land. Fir d’Analyse huet d’Suzana 20 Grondbesëtzer ausgewielt, deenen hir Transaktiounen si wärend hirer gesamter Liewensdauer verfollegt huet. D’Zil war et deenen hir Relatioun zum soziale Raum an der Stad wärend dem Industrialiséierungsboom ze identifizéieren.

    Kuckt Iech d’Visualiséierung un (auf Englesch)

    Irene Portas Vázquez

    Schmuggelgeschichten: En Dauchgang an d’Grenz tëscht Frankräich a Lëtzebuerg

    Dem Irene seng Fuerschung huet geheim, grenziwwerschreidend Aktivitéiten tëscht Frankräich a Lëtzebuerg an den Tëschekrichszäit opgedeckt. Am Zollmusée zu Bordeaux huet d’Irene e wäertvollt Archiv fonnt: e Register  an deem Detailer iwwer Schmuggelfäll tëschen 1921 bis 1937 stoungen. Doraus huet si en Datesaz erstallt , fir ze verstoen, wéi eng Wueren a wéi eng Quantitéite geschmuggelt goufen, wien d’Leit waren, déi geschmuggelt hunn, a wéi dës illegal Praxis iwwer d’Joren evoluéiert huet. Dës Anträg hunn hir vill Informatioun iwwer de sozialen a wirtschaftleche Kontext vun der franséisch-lëtzebuerger Grenz an den 1920er an 30er Jore ginn: gebräichlech Liewensmëttel, d’Roll vun de Fraen a Kanner oder iwwer schwiereg Zäiten am wirtschaftleche Réckgang, sou datt mir de Schmuggel net nëmmen als eng kriminell Aktivitéit kenne gesinn, mee als eng Aktivitéit déi déif a sengem historesche Kontext agebonnen ass.

    Kuckt Iech d’Visualiséierung un (auf Englesch)
    Image for the block

    zu lafender Fuerschung

    Äre Beitrag ass eis wichteg, well et dozou hëlleft eng méi perséinlech Perspektiv iwwert d’Vergaangenheet ze weisen. Mat ärer Hëllef kennen also wichteg Informatioune vir lafend historesch Fuerschungen hei zu Lëtzebuerg gesammelt ginn.