• lb
  • fr
  • pt
  • en
  • de
  • Hei bäidroen

    HISTORESCH GESINN

    D’Zil vun dësem Projet ass, eng Bréck tëschent den Historiker an dem Publik ze schloen, a so sech mat de Leit iwwert d’Vergaangenheet auszetauschen. Traditionell gouf d’Geschicht ëmmer vun den Elite geschriwwen, an dobäi goufe wichteg Ablécker an den Alldag, an och d’Perspektive vun de Minoritéiten iwwersinn.

    Mir lueden Iech an, mat Fotoen an/oder Anekdoten zu der momentaner historescher Fuerschung bäizedroen, an esou de Fuerscher ze hëllefen, e méi komplett Bild vun der Vergaangenheet ze erstellen.

    zu lafender Fuerschung

    Äre Beitrag ass eis wichteg, well et dozou hëlleft eng méi perséinlech Perspektiv iwwert d’Vergaangenheet ze weisen. Mat ärer Hëllef kennen also wichteg Informatioune vir lafend historesch Fuerschungen hei zu Lëtzebuerg gesammelt ginn.