• lb
  • fr
  • pt
  • en
  • de
  • Hei bäidroen

    Deindustrialiséierung

    Kris an Transformatioun vun der Stolindustrie zënter den 1970er

    Eis Recherchen ënnersichen d’villfälteg Auswierkunge vun der Deindustrialiséierung an der lëtzebuergescher Stolindustrie tëschent 1970 an 2000. Déi lokal a betriblech Reaktiounen op déifgräifend Verännerungen an der Stolindustrie gi beliicht.

    Equipe

    Doktorand Fuerscher Nicolas Arendt

    Doktorand Fuerscher Zoe Konsbruck

     

    Dauer vum Projet

    February 2024 – February 2026

    Eis Fuerschung beschäftegt sech mat de villfältegen Auswierkunge vun der Deindustrialiséierung an der lëtzebuergescher Stolindustrie. Dem Nicolas säi Projet befaasst sech mat der ARBED an der Iwwernam vun der Maxhütte Unterwellenborn am Joer 1992. Et gëtt ënnersicht wei déi verschidden Acteuren un der Ëmwandlung vum Betrib bedeelegt waren a weien Afloss si op d’Strategien an d’ Strukturen haten.  

    Dem Zoé säi Projet ënnersicht d’Auswierkunge vun der Deindustrialiséierung an den Industriestied Diddeleng, Esch a Rodange, andeem op Schléissunge vu Schmelzen, d’wirtschaftlech Folgen, d’urban Verännerungen an d’lokal Reaktioune gekuckt gëtt. Dat erméiglecht Abléck an d’Komplexitéit vun der Deindustrialiséierung op lokalem Niveau. Zesummegeholl beliichte béid Projeten déifgräifend Verännerungen, déi d’Stolindustrie zu Lëtzebuerg säit den 1970er Jore beaflosst hunn. 

    zu lafender Fuerschung

    Äre Beitrag ass eis wichteg, well et dozou hëlleft eng méi perséinlech Perspektiv iwwert d’ Vergaangenheet ze weisen. Mat ärer Hëllef kennen also wichteg Informatioune vir lafend historesch Fuerschungen hei zu Lëtzebuerg gesammelt ginn.