Generalversammlung – Esch
B.P. 145 L-4002 Esch-sur-Alzette, Hôtel de Ville Esch-sur-Alzette
D’Zoe Konsbruck an den Nicolas Arendt presentéieren hir Recherche iwwert d’Deindustrialiséierung op der Generalversammlung vun der Amis de l’histoire et du musée de la ville d’Esch-sur-Alzette (AHME).
Nicolas Arendt presentéiert « Verspéit Deindustrialiséierung? D’ARBED am Kontext vun der postsozialistescher Transformatioun an Ostdäitschland ». De Projet ënnersicht d’ARBED Acquisitioun vum fréiere sozialisteschen “Volkseigener Betrieb” Maxhütte zu Unterwellenborn an Thüringen wärend der Embrochzäit 1992. Duerch e Vergläich mat der Stolkris an de 1970er an 1980er Joren zu Lëtzebuerg gëtt duergestallt, datt d’Transformatioun vun der Plan- an d’Marktwirtschaft an Osteuropa ganz änlech, wann och zäitversat Deindustrialiséierungsdynamike wei a Westeuropa mat sech bruecht huet. Zousätzlech gëtt gewisen, datt des Acquisitioun och en dauerhafte Feedback-Effekt op d’Entwécklung vun de Lëtzebuerger Schmelzen hat.
Jiddereen ass häerzlech invitéiert fir ze kommen, hir Geschichten ze lauschteren an ze deelen!
25.11.2025
23.10.2025
21.03.2026
Geschicht an d’Spill bréngen
mar. 25 Nov. 2025
Café Saga
OST. D’verschwonnen Spueren vun de gezwongene Aarbechter
jeu. 23 Oct. 2025 7:00 pm − 9:00 pm
Centre de Documentation Sur les Migrations Humaines
Bar Sport Konferenz – Visite Gedenkstätte KZ Hinzert
sam. 21 Mar. 2026
Terrain vun der Jeunesse Esch – op der Grenz an der «Verlängerung»

