• lb
  • fr
  • pt
  • en
  • de
  • Hei bäidroen

    Urban History Festival

    Bouneweg

    Begleed Ons vir déi bis elo onerzielten Geschichten aus dem Quartier Bouneweg op der nächster Ausgab vum Urban History Festival an der Staat zu entdecken!

    Equipe

    Koordinatorin Kyra Thielen

    Ëffentlechkeetsaarbecht Julie Treff

    Programmkoordinatorin Céline Offermans

     

    Dauer vum Projet

    February – June 2024

    Den Urban History Festival ass een sech widderhuelend Event organiséiert vum Luxembourg City Museum, mam Ziel d’Léit un der Geschicht hirer Staat ze begeeschteren. All Editioun fënnt an engem aneren Deel vun der Staat statt, des Kéier zu Bouneweg. Dësen Quartier ass gekennzeechent duerch hier vilfälteg Aarbechtergeschicht an Konnektioun mat der Eisebunn, souwéi kulturell a sportlech Initiative wéi den ‘Gym’, ee vun deenen älsten Sportveräiner aus der Staat. Hautzudaags ass den Quartier och duerch hier multikulturell Populatioun gepräägt an mir freeën ons vir déi verschidde Stemmen an Geschichten aus hirer Vergaangenheet an hirer Géigewaart ze präsentéieren.

    Impresso

    Mat enger massiver Sammlung vun alen Zeitungen a Radioopnamen, impresso – Media Monitoring of the Past ass e Fuerschungsprojet dee verschidde Felder kombinéiert fir ze änneren wéi mir historesch Medien analyséieren a verstoen. Et benotzt Maschinnléiere fir ze verbessere wéi mir Medien aus der Vergaangenheet organiséieren, Bedeitung addéieren, representéieren, entdecken a studéieren, onofhängeg vum Format, Zäitperiod, Sprooch oder Land.Riets kënnt Dir e Beispill vun engem Artikel am Domaine public gesinn, deen zu dësem Fuerschungsthema bezitt.

    Riets kënnt Dir e Beispill vun engem Artikel am Domaine public gesinn, deen zu dësem Fuerschungsthema bezitt.

    zu lafender Fuerschung

    Äre Beitrag ass eis wichteg, well et dozou hëlleft eng méi perséinlech Perspektiv iwwert d’Vergaangenheet ze weisen. Mat ärer Hëllef kennen also wichteg Informatioune vir lafend historesch Fuerschungen hei zu Lëtzebuerg gesammelt ginn.