• lb
  • fr
  • pt
  • en
  • de
  • Hei bäidroen

    Iwwert eis

    D’ Ziel vun HISTORESCH GESINN ass et eng Bréck tëschent Historiker an dem Publik ze sinn, an dobäi iwwert d’ Vergaangenheet am jëtzegen Zäitpunkt ze schwätzen. Traditionell gouf Geschicht ëmmer vun der Elite geschriwwen, dobäi ginn awer wichteg Ablécker an den Alldag souwéi Perspektive vu Minoritéite verluer. HISTORESCH GESINN luet Iech dozou an mat Fotoen an/oder Aussoen déi lafend historesch Recherchen ze ënnerstëtzen, an esou och den Fuerscher ze hëllefen e méi komplett Bild vun der Vergaangenheet ze erstellen. 

    D’HISTORESCH GESINN Plattform ass e gemeinsame Projet mat enger Ekipp bestoend aus Geleierten a Partneren wou stänneg am Wandel sinn. All Fuerschungsthema huet en zoustännege Fuerscher a wäert mat Institutioune wou e Lien mam jeeweilegen Thema hunn zesummeschaffen.  

    De Projet gëtt vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History vun der Uni Lëtzebuerg geréiert. Déi éischt dréi Jore sinn vum PSP-Flagship bewëllegt duerch de Fonds National Recherche (FNR) gesponsert. 

    Eis Equipe

    D’HISTORESCH GESINN Plattform gëtt vun enger klenger Equipe aus dem Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History ënnerhalen a geleet. 

     

    Projet Manager Joëlla van Donkersgoed

    Fuerschung Assistent Cynthia Reuter

    Eise Partner

    Mir géingen eis iwwert ären Feedback, Iddien oder Virschléi vir zukünfteg Zesummenaarbechte freeën.