• lb
  • fr
  • pt
  • en
  • de
  • Hei bäidroen

    Iwwersiicht vu vergaangene Projeten

    HISTORESCH GESINN bitt Fuerscher, Associatiounen an Institutiounen eng Plattform un fir de Public mat historesch Themen z’erreechen. Nieft eise virgestallten Fuerschungsthemen op der Homepage, kënnt Dir op dëser Säit iwwert fréier Projeten léieren.

    HistorEsch

    Public History Aktivitéiten an der Stad Esch-sur-Alzette

    HistorEsch ass den iwwergräifende Numm fir eng Rei vun ëffentlechen Aktivitéiten, déi 2021 an 2022 organiséiert goufen, fir d’Awunner vun der Stad Esch-sur-Alzette aktiv an d’Erzielung vun hirer Stadgeschicht ze bedeelegen. Dank verschiddene Methoden huet de Public iwwer d’Geschicht vun der Stad duerch Konscht (Fresco), Geschichten (Audiotour) oder Objeten (Ausstellung) geléiert. 

    D’Lektioune vum Projet HistorEsch hunn d’ Historesch Gesinn Plattform inspiréiert, fir ëffentlech Geschicht ausserhalb vun Esch-Uelzecht ze promovéieren. 

    Image for the block

    Guide

    D’Maachen vun ëffentlecher Geschicht am urbane Raum

    Baséierend op konkret Beispiller aus den Aktivitéiten vum Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) an der Stad Esch-sur-Alzette tëscht 2020 an 2024, proposéiert dëse Guide eng Method fir méi kollaborativ ëffentlech Projeten iwwer d’Geschicht vun de Stied zesummen mat lokal Communautéiten z’entwéckelen . 

    Public History ass e Wee fir eng Geschicht ze produzéieren déi méi zougänglech ass fir d’Allgemengheet, déi sech op d’Participatioun vun de Membere vun der Ëffentlechkeet baséiert, an déi sech mat ëffentlechen Debatten iwwer d’Vergaangenheet engagéiert. D’Co-Creatioun vun der Geschicht tëscht Fuerscher, Institutiounen, Associatiounen, a lokalen Awunner ënnerstëtzt ëffentlech a sozial Inklusioun, an hëlleft den Participanten en neit Versteesdemech vun hirer Stad, Noperschaft, a Communautéit ze kréien. Dëse Guide proposéiert a Form vun engem Wikihow d’Schrëtt fir ëffentlech Geschicht an den Urbane Raum ze integréieren. 

    Image for the block

    zu lafender Fuerschung

    Äre Beitrag ass eis wichteg, well et dozou hëlleft eng méi perséinlech Perspektiv iwwert d’Vergaangenheet ze weisen. Mat ärer Hëllef kennen also wichteg Informatioune vir lafend historesch Fuerschungen hei zu Lëtzebuerg gesammelt ginn.