Guide: D’Maache vun ëffentlecher Geschicht am urbane Raum
Baséiert op konkret Beispiller aus den Aktivitéiten vum Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) an der Stadt Esch-Uelzecht (Lëtzebuerg) tëscht 2020 a 2024, dëse Guide proposéiert eng Method fir méi kollaborativ ëffentlech Projeten iwwer d’Geschicht vun de Stied, de Quartieren ze entwéckelen, an dat mat den lokalen Communautéiten. Ëffentlech Geschicht ass e Wee fir eng Geschicht ze produzéieren, déi méi zougänglech ass fir den generellen Publikum, déi sech op d’Participatioun vun de Membere vun der Ëffentlechkeet zou léisst, a déi sech fir ëffentlech Debatten iwwer d’Vergaangenheet engagéiert. D’Co-Creatioun vun der Geschicht tëscht Fuerscher, Institutiounen, Associatiounen, a lokal Awunner ënnerstëtzt ëffentlech a sozial Inclusioun, an bitt den Participanten genuch Training a nei Wëssen vun hierer Stad, Quartier, a Communautéit. Ewéi een WikiHow opgebaut, dëse Guide bitt e puer Planungsschrëtt.
Fir dëse Guide als PDF erofzelueden, klickt hei.
Am Geescht vun der Zesummenaarbecht
De Thomas Cauvin an d’Joëlla van Donkersgoed hun dëse Guide als Deel vun engem FNR ATTRACT Grant gegrënnt. Mir hunn dëse Guide mat engem Hypothesis plug-in opgestallt fir är Virschléi. Dir kënnt är Kommentarer a Virschléi markéieren an hannerloossen andeems dir uewen riets d’Tools benotzt.
Schrëtt 1: Wéi starten ech en ëffentleche Geschichtsprojet?
All Initiative erfuedert eng féierend Institutioun, Associatioun oder Individuum fir de Prozess ze lancéieren. Déi éicht Iddi kënnt aus engem kulturellen (zum Beispill den Escher Archiv zu Esch, Fig. 1), engem Fuerschungsinstitut, enger Grupp, Associatioun oder Communautéit, oder eng Eenzelpersoun déi fir d’Lokalgeschicht interesséiert ass.
Collaboratioun ass den Schlëssel. Et ass recommandéiert datt Projeten op enger Zesummenaarbescht tëscht verschidden Partner, Gruppen an Individuen baséieren. Zesummenaarbecht erlaabt an ënnerstëtzt méi inklusiv a diverse Dimensiounen vun der Geschichtsproduktioun. Zum Beispill fir d’HistorEsch an FL’ESCH Back Projeten, d’Fuerscher aus dem C²DH hunn zesummen mat der Nuit de la Culture (eng Organisatioun municipal), an der KulturFabrik, a Dosend vu Bewunner zesumme geschafft.
Schrëtt 2: Wéi soll een en Projet opbauen?
Fannt en historescht Thema datt am Present resonéiert. D’Organisatiounsteam muss en historescht Thema fir de Projet identifizéieren a proposéieren. D’Thema kéint d’allgemeng Geschicht vun der Uertschaft sinn – wéi den HistorEsch Projet fir d’Stad Esch-Uelzecht gemaach huet – vun engem Quartier – wéi mir fir de Lallanger Quartier zu Esch-Uelzecht, Fig. 2 gemaach hunn – vun enger Strooss oder all anner identifizéiert Plaz. Populär Themen kënnen och lokal Eventer, Charaktere oder Traditiounen enthalen. Den generellen Publikum kann spezifesch Interessen a e puer historesch Themen fir de Projet ausdrécken.
Entwéckelt e Format datt fir den generellen Publikum zougänglech ass. D’Format kann vill Formen unhuelen, heiansdo kann et eng kierperlech Installatioun sinn wéi eng Wandmalerei (Fig. 2), oder digital wéi eng App (zum Beispill Minett Stories). An beiden Fäll soll den Inhalt kloer a verständlech fir den Publikum sinn. Visuell- an Touninhalter hëllefen d’Interaktioun tëscht der Ëffentlechkeet an der Geschicht ze entwéckelen. Am Lovó Projet (iwwer d’Geschicht vun Esch aus der Perspektiv vun de Portugiesesch Bomien) ginn historesch Zeienaussoen presentéiert a mat Toun- a visuellen Installatiounen op de Strosseen vun der Stad vermëttelt.
Fannt eng Plaz déi fir är Zilpublikum wëllkomm ass. Ëffentlech Accessibilitéit op der Plaz vum Projet ass entscheedend. Mir proposéieren ëffentlech, oppen an gratis Platzen ze wielen, déi fir den ëffentlechen Zougang suergen. Fir eisen Projet iwwer Geschicht vun Esch-Uelzecht a 25 Objeten, hunn mir d’Ausstellung an engem “Pop-up Store” an der Haaptkaafsstrooss vun der Stad installéiert.
Schrëtt 3: Wéi kann een d’Qualitéit vum historesche Projet garantéieren?
D’Team soll e Kader opbauen fir d’Qualitéit vum historeschen Inhalt vum Projet ze garantéieren. Fir dat historescht Thema ze kadréieren, kann d’Team Informatiounen (Publikatiounen, Online Ressourcen) a méi aal Projeten zesummenstellen. Dëst kann och zur Produktioun vun engem kuerzen Resumé vum historeschen Thema féieren, dee mat de Participanten gedeelt kann ginn.
Dëse Resumé kann duerch Froen gedriwwen ginn fir dat historescht Thema besser ze verstoen. Méi wéi eng einfacht Lëscht vun Datumer, d’Team soll kucken datt sie dem grousse Publikum erklären kënnen iwwer wat d’Thema ass, firwat seng Geschicht wichteg ass, an seng Bezeiung zum Present. Den Resumé kann och kuerz Themen identifizéieren, Haaptevenementer, Siten oder Personnagen presentéieren, dei mam Projet verbonnen sinn. Dëst wäert den historesche Kontext eng Méiglechkeet ginn fir den Beitrag vum Publikum ze situéieren. Zum Beispill gouf e CHiC (Fig. 3) – Citizen Historian Circle – fir den HistorEsch Projet gegrënnt. De CHiC, deen aus lokalen Awunner a Fuerscher zesummengesaat ass, huet dozou bäigedroen d’Geschicht vum Lallanger Quartier ze kontextualiséieren a grouss Verännerungen ze identifizéieren, duech déi d’Stad zanter den 1960er Joer duerchgaangen ass. An dëser Sëtzung huet den CHiC spezifesch Stéchwieder virgeschloen, fir d’Geschicht vun Esch-Uelzecht ze encadréieren. D’Team kéint de Resumé fir d’Participanten zougänglech maachen (och online sou datt d’Participanten zum Resumé bäidroen kënnen an beräicheren) an fir wëssenschaftlech Leit (Fuerscher, Lokalhistoriker, Archivisten, Membere vun Associatiounen) ze identifizéieren, déi mam Opbau vun der Geschicht vum Thema hëllefe kënnen.
Schrëtt 4: Wéi kann een Daten mam an vum Publikum sammelen?
En einfachen an zougängleche Wee fir den Publikum ze kreéieren, den zu ärem Projet bäidrot, ass essentiell fir Co-Creatioun. D’Method vum Engagement kann variéieren vun Formen vun Crowdsourcing (Online Sammelen vun Fotoen zum Beispill), oder duerch d’Organisatioun vun ëffentlechen Ateliëen, wou d’Leit Objeten oder Dokumenter bréngen, oder Familjen an/oder Zeienausseon unbidden. D’Zort vun Objeten, Dokumenter oder Zeienaussoen, déi gesammelt ginn, hänkt vun den Ziler, vum Kader an vun der Aart vun der finaler Produktioun vun den Projeten of.
Hybrid Sammlung (online an op der Plaz) bitt eng breet Dimensioun vu Méiglechkeeten un. Eng Method ze wielen, wéi online Crowdsourcing, kéint déijeneg Methoden ausschléissen, déi net digital kompetent sinn. Dofir, eng Hybrid Approche mat perséinlech an online Methoden fir ëffentlechen Input ze sammelen kéint méi Leit erreechen. Fig. 4 weist Membere vum Publikum, déi Dokumenter, Bréiwer oder Fotoen matbréngen während engem Event den an enger ëffentlecher Bibliothéik organiséiert gouf. Fir en nohaltegen Hub fir ëffentlech an online Kollektioun ze organiséieren, huet den C²DH Historesch Gesinn gegrënnt. Op dëser Plattform gëtt nei historesch Fuerschung ungekënnegt, Eventer gefördert, a Leit kënnen hier perséinlech Dokumenter zu lafenden historeschen Projeten bäidroen.
Déi féierend Institutioun soll d’Struktur vum Projet iwwerwaachen, d’Donnéeën schützen an d’Projetsziler an d’Accessibilitéit enthalen. Eng Persoun oder een Comité ze integréieren deen d’Genauegkeet vum Projetinput garanatéiert, ass entscheedend. Wann dir een Projet opbaut, gitt sécher datt déi gesammelten Donnéeën gespäichert a gedeelt ginn, op enger Art an Weis déi d’Privatsphärrechter vun de Participanten duerch Zoustëmmungsformen an eng geséchert Späicheranlag garantéiert. Dokumenter kënnen einfach geléint ginn an un d’Besëtzer zeréckginn nom Enn vum Projet. Fir méi nohalteg Projeten wéi Archiven an Objektkollektiounen, Copyright, Proprietairen a Privatsphärprobleemer musse geläscht ginn. Mir proposéieren fir lokal Archiven, Bibliothéiken an aner kulturell Institutiounen ze kontaktéieren fir d’Dokumenter an laangfristeg Lagerung an Erhaalung vun den Artikelen ze sëcheren.
Schrëtt 5: Wéi kann een d’ëffentlech Contributiounen unerkennen?
All Projet muss d’Urheberechter an d’Autorisatiounen sëcheren. Ëffentlech Participatioun erfuedert zousätzlech Sécherheetsnetz, well et dacks zu enger Notzung vun onveraarbeschten, privaten Fotoen, Dokumenter an Objeten resultéiert. Erlaabnis an d’Klarheit mussen vun den betraffenen Partner a Participanten kritt ginn. Zousätzlech zu Zoustëmmungsformen, mussen d’Projetmanageren gesetzlech a GDRR (General Datenschutzreguléierung) Bedéngungen respektéieren. Dëst beinhaltet net nëmmen d’Recht fir ze sammelen, mee och d’Dokumenter an engem ëffentlechen Kader ze weisen. Zum Beispill war d’Erlaabnis vum Stadtarchitekt gebraucht ginn fir eist Audio-Tour-Schëld (Fig. 5) am ëffentleche Raum opzehänken.
Wann den Moment unkomm ass fir den Projet ëffentlech ze lancéieren, wëllt dir sécher sinn datt all Partner a Bäiträg zum Projet invitéiert an als Participant unerkannt gëtt. D’Organisatioun vun engem Start Event erstellt een Moment vu sozialer Versammlung an erlaabt d’Medien ären Event zu engem méi breede Publikum ze promovéieren.
Schrëtt 6: Wéi bewäert een e Projet?
Ier dir een Projet ofschléisst, bewäert är Aktivitéiten, d’ëffentlech Participatioun a seng ëffentlech Interaktioun. Dir kënnt de Projet evaluéieren andeems dir d’Mediendeckung an d’ëffentlech Kommentarer kuckt. Et ass och nëtzlech fir den Online Niveau vum Engagement an Interaktiounen ze iwwerwaachen – besonnesch wann dir Deeler vun ären Projeten iwwer Websäiten a Sozial Medien Plattformen benotzt an entwéckelt. Ëmfroen sammelen (vläicht souguer virun an no den Aktivitéiten fir den Verständnis vum Publikum, vum Projet a seng Reaktiounen op d’Aarbechten ze vergläichen) ass och eng üblech Moossnam.
