• lb
  • fr
  • pt
  • en
  • de
  • Hei bäidroen

    HearHere Bouneweg

    Image for the block

    D’HearHere Audiotour gouf fir den Urban History Festival vum Lëtzebuerg City Museum kreéiert, dee vum 8-9 Juni 2024 am Quartier Bouneweg an der Stad stattfënnt.

    D’Audiotour ass gratis iwwert d’Telefonsnummer (+352 800 81 292) op Lëtzebuergesch, Franséisch, Portugisesch an Englesch verfügbar. Op de Plaze vun de verzielte Geschichte wäerte Schëlder mat der Telefonsnummer stoen.

    Dëse Projet ass vun der Initiative vum Ariel Beaujout (HearHere USA) an dem Michelle Hamilton (HearHere Canada) inspiréiert.      

    Site 1:

    Kierch Marie Reine de la Paix

     

    An dësem Audio Ausschnëtt erzielt Iech de Paul Sinner, i i kathoulesch Kierch Marie Reine de la Paix am Joer 1951 ausgesinn huet.

    Image for the block
    0:00 0:00

    « D’Kierch ass den 9. August 1944 bombardéiert ginn. Si konnt net reparéiert ginn. Eng nei Kierch ass am Plang. Den 23. Oktober 1949 war Grondsteinleegung. An den 1. Juli 1951 war déi alleréischt Mass an där neier Kierch. D’Feier vun der éischter Kommioun ass dat Joer vun deene Sonndeger kuerz no Ouschtere retardéiert ginn. Mir waren nämlech zu zirka 150 Kommiounskanner. Déi wären net an déi al Kapell gaangen. »

    0:00 0:00

    « Et huet nach ganz komesch ausgesinn an der Kierch. De Buedem war nëmmen de graffen Bëton. E Plaffong war nach net do. Awer um Daachgespär houng eng Kroun, zirka zwee an en hallwe Meter Duerchmiesser, aus Staangen zesummen gemaach a mat Tüll ëmwéckelt. An do houng, erof op d’Ecker vum Kräiz tëschent Längsschëff an Querschëff, eng laang Schläif. Dat war also déi alleréischt Mass an där neier Kierch. Wéi gesot, de Buedem onméiglech. An de Fënstere ware Plane gespaant, aus Plastik. Glas war nach keent dran. Et war relativ kal souguer deen Dag. »

    Image for the block

    Site 2:

    Banannefabrik

     

    An dësem Audio Ausschnëtt erkläert Iech de Serge Tonnar vu wou d’Banannefabrik hiren Numm huet an de Bernard Baumgarten vun den Ufäng vun der Banannefabrik.

    Serge Tonnar

    0:00 0:00

    « Jo, also mir sinn hei bei der Banannenfabrik an dir gesitt hei uewen un der Mauer och nach dat Schëld, dat ass dat originaalt Schëld „Chiquita Bannanen“, well hei war nämlech en Depot vun Uebst a Geméis an d‘Leit aus dem Quartier hunn dat einfach eng Bananenfabrik genannt. Et sinn zwar keng Bananne hei fabrizéiert ginn, mee si hunn dat esou genannt. An ech sinn an den 90er Jore mat mengem Kënschtlerkollektiv „MASKéNADA“ hei derbäi komm, wou eng ganz Reih Associatiounen aus dem kulturelle Beräich do an den 90er Joren ugefaangen hunn ze versichen hei Konscht a Kreatioun eranzekréien, Proufreim, Bürosméiglechkeeten. An dat war soueen ganze Kampf iwwert den 90er Jore bis an d‘Joer 2011 huet dat gedauert, wou da schlussendlech Dieren opgaange si vun der Banannenfabrik wéi se elo hei ass, se heescht och nach ëmmer Banannenfabrik. »

    Bernard Baumgarten

    0:00 0:00

    « D’Banannenfabrik ass op jidde Fall e Lieu fir d’Kreatioun, fir d’Recherche multidisciplinaire. An dat Ganzt huet 2007 eigentlech ugefaang mam « Europa Kulturstad », wéi Lëtzebuerg an d’Groussregioun Kulturstad war. An hei hu mir den Dance Palast präsentéiert, 2007, fir dass d’Kënschtler kënnen eppes produzéieren, mä awer och fir, dass de Public kann erakommen a kucken. Wéi entsteet e Konschtwierk. Dat Ganzt ass ronderëm d’Bünekonscht gaangen: Theater, Danz, Installatioun, Musek, och Molerei. An dat waren 18 Kompanien, déi hunn hei geschafft, 2007, wärend 6 Méint. Do war d’Haus natierlech net esou renomméiert wéi et haut ass. Mä et war awer deen éischten « Lieu de création indépendant » dee mer hei haten zu Lëtzebuerg. An doropshin huet dunn och de Ministère decidéiert, vu dass dat e relativ grousse Succès ass, a well et och bewisen huet, dass de Prozess, de Kreatiounsprozess fir de Public och interessant ass, huet de Ministère dunn och alles an d’Weeër geleet mat de bâtiments publics, fir d’Banannenfabrik ze sanéieren,  an esou wéi se haut hei steet, dat ass zënter 2011 steet se elo hei an ass fir de Public och zougänglech bei verschiddenen Evenementer, mä virun allem ass et en Haus fir d’Artisten, déi hei schaffe kënnen, déi sech hei austausche kënnen. Formatioune ginn ugebueden, mee awer och Recherche gëtt am Haus gemaach, a virun allem eng Rencontre tëschent dem Public an de Kënschtler.

    Site 3:

    Hiewamm

     

    An dësem Audio Ausschnëtt erzielt Iech d’Geneviève Hornick-Hoffman vun der Hiewamm, i hei gelieft huet.

     

    Image for the block
    0:00 0:00

    « Hei sti mer an der Hesper Strooss beim Haus Nummer 45 do huet Madamm Thoma gewunnt, dat war eng diploméiert Hiewan, eng ganz impressionnant Damm. Déi bal all Bouneweger Kanner aus de 50er a 60er Joren op d‘Welt bruecht huet. »

    Image for the block

    Site 4:

    Os Lusitanos

     

    An dësem Audio Ausschnëtt erzielt Iech de João Alves iwwert den Os Lusitanos Club an den Antonio de Almeida Gomes vun den Aktivitéite vum Os Lusitanos.

    João Alves

    0:00 0:00

    « Mir stinn hei virum eemolegen Treffpunkt vum Veräin Os Lusitanos. Dëse Veräin gouf de 25. Abrëll 1974 gegrënnt an ass säitdeem Treffpunkt wou vill verschiddenen Aktivitéite stattfannen. Zum Beispill spille mir Fussball, maache Liichtathletik oder Danzen. Dat wichtegst ass d’Gesellegkeet. No engem laangen Dag treffen sech Membere fir zesummen ze iessen dobäi gëtt portugisescht Iessen opgedëscht wat un d’Heemescht erënnert. Am eemolege Veräinsraum stounge Regaler déi voll ware mat Couppe vu Concoursen un deene mir am Laf vun de Joren deelgeholl hunn, an natierlech gewonnen hunn. Wärend der Pandemie hat de Veräin et net ganz einfach an huet misse plënneren. D’Missioun bleift awer onverännert: D’Mënsche vun allen Altersgruppen zesummen ze bréngen an déi portugisesch Kultur ze feieren. »

    Antonio de Almeida Gomes

    0:00 0:00

    « De Veräin Os Lusitanos feiert geschwënn säi 50sten Gebuertsdaag an dowéinst ass e fir vill Portugise vu grousser Relevanz. Et ass eng Plaz wou Mënschen zesummekommen, eppes iessen, mat de Karte spillen an dobäi Zäit mat der Communautéit verbréngen. Egal op Portugis oder net, jiddereen ass wëllkomm d’Frëndlechkeet an d’Offenheet vum Veräin ze erliewen. »

    Site 5:

    Schrotthändler Pultz

     

    An dësem Audio Ausschnëtt erzielt Iech d’Geneviève Hornick-Hoffmann vun hire Kandheetserënnerunge vum Schrotthändler.

    Image for the block
    0:00 0:00

    « Mir stinn hei an der Rue Jean Jacoby um Terrain vum Schrotthändler Pultz. Als Kanner si mer ëmmer gären duerch d‘Hecke gekroch an iwwerall de Schrott sammele gaangen, an alles wat Metall war natierlech bei de Pultz ofzeginn. Deen ëmmer ganz frëndlech war mat ons Kanner, well hien huet da jidderengem e Sue ginn deen da séier an der Nicolas Martha Strooss ëmgesat ginn ass als Séissegkeeten. »

    Image for the block

    Site 6:

    Gaart an heem

     

    An dësem Audio Ausschnëtt erzielt Iech de Maurice Kirsch vun den éischte GemeinschaftsGäert a Bouneweg.

     

    0:00 0:00

    « Wéi nom Krich de gréissten Deel vun de Pachtgäert vun der Sektioun Bouneweg, déi sech vum Zentrum  an d’Bongsechgewan erstreckt hunn, fir de Wunnengsbau gebraucht goufen, ass iwwerluecht ginn wat elo, a wéi kënnt een d’Zukunft sécheren. Et goufe Kontakter op internationalem Plang mat Gaardebauvereiner opgeholl déi schonn esou Erfarungen haten. An esou ass sech 1947 fir  de Modell vun enger Anlag an der Schweiz zu Basel entscheed gin. Verhandlungen goufen dun mat Baueren geféiert, méi oder manner erfollegreich, fir ons Ackerland an der Emgeigend Bouneweg ze verkaafen.

    1949 war et du souwäit dass déi éischt notariell Akte konnten ënnerschriwwen gin. E Lotissement gouf gemaach an et ass mat vill Freed mat den Aarbechten lass gaangen. An esou konnt dunn Ugangs de 50 Joren déi alleréischt Cité Jardinière hei zu Lëtzebuerg, wou d’Parzell Eegentum war, mat grousse Feierlechkeeten zesumme mat de Schwäizer Frënn, déi d’Patenschaft dervun iwwerholl haten, souwuel Aweiung a Fahnenweih gefeiert ginn. Des Anlag dréit de Numm vu sengem Grënner Nic. Krier. »

    0:00 0:00

    « Dir stitt hei virum Chalet vum Gaart an Heem Bouneweg deen den 13. Dezember 1925 als Gartenbauverein für Hollerich Bonneweg gegrënnt ginn ass, ëmgenannt gouf, a viru kuerzem als Gaart an Heem Bouneweg asbl erëm ëmbenannt gouf. Mir hu momentan knapps 80 Gäert wouvunner déi allermeescht a privater Hand sinn. Eenzelner ginn och vum Club verlount a verschiddener an der Praxis vun der Ville de Luxembourg. Wat flott hei am Quartier ass, dass mer ganz vill verschidden Nationalitéiten hu wat net ëmmer einfach ass, wann ee mam Noper muss schwätzen, deen een net versteet, mee wat awer zu villem kulturellen Austausch feiert iwwert Gaardesaachen an och aner Saachen. »

    Site 7:

    Parc Kaltreis

     

    An dësem Audio Ausschnëtt beschreift Iech d’Geneviève Hornick-Hoffmann d’Ausgesi vum Park an den 1970er Joren.

    Image for the block
    0:00 0:00

    « Mir stinn hei um Kaltreis, an deem schéine Park uewe bei deem klenge Séi mat Fräschen déi Waasser späizen a fréier war dat eis Spillplaz. An déi war e bëssi hibbeleg a kniwweleg well ënnert dem Gras wat wëll do gewuess war, ware lauter Bëtongsstécker déi op der Gare gesprengt gi sinn nom zweete Weltkrich wat Bunkere waren, an déi sinn duerno einfach do ausgetippt ginn an sech iwwerlooss. »

    Image for the block

    Site 8:

    Rosa Lëtzebuerg

     

    An dësem Ausschnëtt erzielt Iech de François Didderich iwwert den éischte Büro fir d’LGBTQI + Communautéit hei zu Bouneweg.

    0:00 0:00

    « Mir sti hei virun der Nr. 60, rue des Romains zu Bouneweg. Op dëser Adress hate CIGALE a Rosa Lëtzebuerg asbl vun 2002 bis 2013 hiere Sëtz. CIGALE steet fir Centre d’Information Gay et Lesbien. Dëse Centre  ass do fir  all Leit déi sech als LGBTIQ+ identifizéieren, d.h. als lesbesch, schwul, bisexuell, transgenre, intergeschlechtlech, queer asw. Mat dem Start vu CIGALE 2002 war et déi alleréischte Kéier iwwerhaapt wou hei am Land Schwuler, Lesben, transgenre Leit oder soss interesséiert Persounen sech zum Thema LGBTIQ+ konnten informéieren, berode loossen oder Hëllef froen.

    CIGALE ass deemols op Initiativ vu Rosa Lëtzebuerg an d’Liewe geruff ginn. Iwwert eng Konventioun mam Familljeministère war Rosa Lëtzebuerg fir CIGALE zoustänneg. Rosa Lëtzebuerg asbl ass eng Associatioun déi sech fir d’Uleies vun LGBTIQ+ Persounen aseätzt. Et war déi éischte Kéier säit hierer Grënnung 1996 dat Rosa Lëtzebuerg hei op der Nr. 60 eege Reimlechkeeten hat déi se mat CIGALE gedeelt huet. D’Ziel vu Rosa Lëtzebuerg ass virun allem déi rechtlech Gläichstellung vun alle Persounen a Koppelen an de Kampf géint d’Diskriminatioun wéinst sexueller Orientéierung oder sexueller Identitéit. »

    0:00 0:00

    « Hei op der Nummer 60 hate mir vill flott Momenter zesummen. Hei goufen z.B. am Kader vum Festival Transculturelles Filmer gewisen, Konferenzen an eis Kommiteessëtzungen goufen hei gehalen, Journalisten hunn Interview’en opgeholl,  an der Bibliothéik konnt jidwwireen sech Bicher ausléinen.

    Rosa Lëtzebuerg ass der Ëffentlechkeet wahrscheinlech éischter wéinst der Gay Pride bekannt déi am Ufank Gay Mat geheescht huet. D’Gay Pride feiere mir säit 1999 all Joer am Juli, laange Jore op der Plëss a säit elo méi wéi 10 Joer zu Esch/Uelzecht virun der Gemeng. Et ass e grousst Fest fir jidwwireen mee mat engem eeschte Message: All Mënschen si gläich an hirer Dignitéit an an hire Rechter. »

    Mercien

    Interviewter

    João Alves

    Bernard Baumgarten

    Antonio De Almeida Gomes

    François Didderich

    Geneviève Hornick-Hoffmann

    Maurice Kirsch

    Paul Sinner

    Serge Tonnar

     

    Spriecherinnen

    Céline Offermans (Lëtzebuergesch)

    Noémie Montignie (Franséisch)

    Daniela Arede (Portugisesch)

    Anne Hoffmann (Englesch)

     

     

     

    Mir sinn den Awunner vu Bouneweg dankbar, dass si hir Geschichte mat ons gedeelt hunn an och de Spriecher fir d’Audiotour opzehuelen.

    D’Interviews goufe vum Kyra Thielen geféiert an d’Fotoe vun de Plazen op dëser Säit goufe vum Christof Weber opgeholl.

    zu lafender Fuerschung

    Äre Beitrag ass eis wichteg, well et dozou hëlleft eng méi perséinlech Perspektiv iwwert d’Vergaangenheet ze weisen. Mat ärer Hëllef kennen also wichteg Informatioune vir lafend historesch Fuerschungen hei zu Lëtzebuerg gesammelt ginn.