• lb
  • fr
  • pt
  • en
  • de
  • Hei bäidroen
    Meldung

    Titel

    Haut Fourneau C (3)

    Theme

    FL'ESCH Back

    Contributeur

    Mr. Gales

    Year

    1940 - 1950

    Beschreiwung

    Il n'y a que peu de choses qui ont autant marqué Esch que les hauts fourneaux de Belval. Au fil des décennies, ils ont été un symbole pour l'ensemble de la sidérurgie luxembourgeoise. Aujourd'hui encore, les hauts fourneaux A et B rénovés attirent tous les regards. Transkriptioun: 1994 huet et eng kéier gewalteg gekraacht hei. Mir hunn geduecht, wat ass dat doten dann. Et huet gekraacht wéi wann eng Kanoun géing virun der Dier stoen an déi géing schéissen. Do war de flëssege Goss vum C, war duerch de Panzer gelaf an dann an d' Waasser. Flëssege Goss a Waasser, do gëtt d' Waasser gespléckt zu Sauerstoff a Waasserstoff a mat flëssegem Goss, dat zünt an et huet geknuppt. Do hunn mir en eng Woch laang ausser Betrib gehat, mir hätten en misste stoe loossen an nei maachen. “Nee” huet d' Generaldirektioun gesot, mir fueren nach, mir flécken en elo an da fuere mir bis dass mir den C net méi brauchen. Et ass provisoresch gefleckt ginn, mee en Joer drop huet et erëm geknuppt. Entre-temps war ech awer a Pensioun mee ech hunn et awer bis op Zolwer héieren. Ech hunn doheem héieren. Dat huet geknuppt. Ech sot zu menger Fra, do ass eppes geschitt op Belval. Dat do ass net normal. Effektiv et war eppes geschitt, et war erëm de Goss duerchgebrach, des kéier nach méi schro. En war net méi ze flécken. En hätt missten ausser Betrib geholl ginn. Jo mee, eng Schmelz ouni Goss dat geet net. Do ass dann en Vitesse de B ugefuer gi bis zum Schluss an deen ass 1997, am August, ass deen dann och definitiv stallgehale ginn. Entre-temps waren d' Elektrouewen iwwerall do. Den C ass stoen geloos gi wéi e stoung an dunn hunn d' Chinesen den C kaf an hunn en a China opgeriicht.
    Meldung
    Zoumaachen

    Meldung

    « * » indique les champs nécessaires

    Full name*
    Label*

    Click on the image for identification