Feierôwend!
Atelier central, Metzeschmelz, Esch-sur-Alzette/Schifflange, FerroForum
Kommt op déi zweet Editioun vum Feierôwend, e Ball an de Mauere vun enger Schmelz!Am éischten Deel vum Owend danzt Dir zum Luciano Pagliarini sengem Live-Orchester, a reest mat Walz an Tango de Wee zréck an d’50er a d’60er Joeren. D’Loon Djs iwwerhuelen an der Nuecht fir eng Retroplatinodisco an de 70er an 80er. D’Nocturna feruginosa wier net komplett ouni Eisen- a Feierdemonstratiounen vum FerroForum Team. Feierôwend heescht schliisslech och « Feier-Owend »! Erwaart Street Food, craft beers, lëtzebuerger Wäiner a méi. Dësen Owend gëtt organiséiert als Hommage un d’Grenz, déi gär erënnert gët als Escher Hotspot fir eraus ze goen an de Joerzéngten nom Zweete Weltkrich. Feierôwend wäert d’kulturellt, sozialt a artistescht Liewen vun den aarbechter ërem beliewen, a manner dokumentéiert Dimensioune vun der industrieller Vergaangenheet beliichten.
Foto: Feierôwend, 2023. Romain Girtgen.
25.11.2025
23.10.2025
21.03.2026
Geschicht an d’Spill bréngen
mar. 25 Nov. 2025
Café Saga
OST. D’verschwonnen Spueren vun de gezwongene Aarbechter
jeu. 23 Oct. 2025 7:00 pm − 9:00 pm
Centre de Documentation Sur les Migrations Humaines
Bar Sport Konferenz – Visite Gedenkstätte KZ Hinzert
sam. 21 Mar. 2026
Terrain vun der Jeunesse Esch – op der Grenz an der «Verlängerung»
